Educateur diplômé oder Agent éducatif (m/w/d) · fir d'Maison Cales CDI 75% - 80%
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.
Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Är Aufgaben :
- Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp
- Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team
- Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen
- Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung
- Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen
- Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen
- Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
- Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, Kanner- a Jugendschutz, SOP, ...)
- Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
- Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesstem
- Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
- Strukturéiert Qualitéitsmanagement
- Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
- Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden
E professionellen a strukturéierte Kader
- Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team
- Reegelméisseg Supervisiounen
- Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher
- Kloer Strukturen a professionell Begleedung
Eng Missioun mat Wierkung
- Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen
- Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie
- E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil :
- Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé oder Agent éducatif, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen
- Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten
- Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht
- Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis
- Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche
- Führerschäin B
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
- CDI 75-80 %
- Remuneratioun laut CCT-SAS (C3/C4)
- Bestoend extra-legal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'exercer (wann zoutreffend)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Arbeitgeber
Weitere Stellen bei SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Alle 12 StellenInfirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5
Bitburg und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Chef de groupe (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 %
Merzig und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5
Perl und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
ca. 45.000–60.000 € brutto/Jahr
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % - Carrière C5
Konz und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
ca. 38.000–48.000 € brutto/Jahr
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu Mäerzeg
Konz und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Neu: Gemeinnützig in der Nähe von Merzig
Wohnbereichsleitung (m/w/d)Wadern
Chefarzt Geriatrie (m/w/d)Hermeskeil
Facharzt Anästhesie (m/w/d)NeunkirchenSachbearbeitung Bürgerdienste/Ordnungsamt (m/w/d)Waldrach · 3.658,61–4.979,97 € brutto/Monat (TVöD E 9a)
Assistenzarzt · Geriatrische Rehabilitation (m/w/d)HermeskeilGemeindearbeiter/in (m/w/d) als Hilfshausmeister für den Gemeindebezirk HüttersdorfSchmelz · 2.953,13–3.501,81 € brutto/Monat (TVöD E 3)Im Bistum Trier ist im Team Rendantinnen und Rendanten Visitationsbezirk Saarbrücken (Serv. 2.2) in der Abteilung Dienstleistungszentrum (Serv 2) die folgende Stelle im Rahmen einer Elternzeitvertretung zunächst befristet bis…Trier · ca. 45.000–60.000 € brutto/JahrSachbearbeiter Personalwesen (m/w/d)Trier · ca. 35.000–45.000 € brutto/JahrGemeinnützig in der Nähe von Merzig
Pflegefachkraft (m/w/d) für den Nachtdienst in Teilzeit
Trier und UmgebungTeilzeit
Sozial- und Familienhelfer (m/w/d) - Unbefristeter Vertrag – 20 bis 40 Stunden pro Woche
Trier und Umgebung+ 4 weitere
ca. 30.000–42.000 € brutto/Jahr
Mehr Stellen finden
Ähnliche Stellen bei anderen Arbeitgebern
Krankenpfleger (m/w/d) - Hilfs- und Pflegezentrum Hosingen
Trier und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
ca. 38.000–48.000 € brutto/Jahr