Psychologue (m/f/x) · CDI 50 %
CSTCDI202608C7
Date de publication: 09/08/2026
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hire Famillje wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Är Expertise an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hire Famillje ze leeschten?
Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
An dëser Funktioun sidd Dir eng zentral Kontaktpersoun fir Kanner, Elteren, Educatiounsequippen a professionell Partner. Dir begleet Kanner mat emotionalen, psychosozialen a Verhalensschwieregkeeten, fërdert hir Ressourcen a stäerkt hir Entwécklung an drot domat aktiv zu hirem Wuelbefannen an zu hirer erfollegräicher Reintegratioun an de Schoulalldag bäi.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Psychologue (m/f/x) CDI 50 %
Är Aufgab
- Dir sidd zoustänneg fir d'psychologesch Begleedung vu Kanner am Alter vu 4 bis 12 Joer, déi sech an enger Situatioun vu schoulescher Nout befannen an ausgepräägt Verhalensschwieregkeeten weisen.
- Dir analyséiert d'Situatioun vun de Kanner, definéiert passend Interventiounen a setzt e kloren therapeuteschen an edukative Kader.
- Dir féiert psychologesch Bilanen duerch a formuléiert fachlech Recommandatiounen.
- Dir bitt de Kanner e séchert a vertrauensvollt Ëmfeld, an deem si hir sozial-emotional Kompetenze kënne stäerken.
- Dir erstellt, begleet a reevaluéiert individuell therapeutesch Ziler a Fërderungspläng.
- Dir schafft aktiv un der Stäerkung vun de Ressourcen, der emotionaler Stabilitéit an der Selbstregulatioun vun de Kanner.
- Dir bedeelegt Iech un Opnam-, Evaluatiouns- an Orientéierungsprozesser a gitt fachlechen Input bei der Definitioun vu passenden Ënnerstëtzungsmoossnamen.
- Dir dokumentéiert Är Interventiounen a suergt fir eng korrekt an aktuell Gestioun vun den Dossieren an den Datebanken.
- Dir evaluéiert reegelméisseg d'Effikassitéit vun den agefouerte Moossnamen a passt dës un d'Besoine vun de Kanner un.
- Dir beréit an ënnerstëtzt Elteren a Fachpersonal am Ëmgang mat sozial-emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.
- Dir drot aktiv dozou bäi, d'Haaptzil vum Centre socio-thérapeutique z'erreechen: d'Stabiliséierung vum Kand an eng erfollegräich Reintegratioun an de reguläre Schoulalldag.
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)
Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse
Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
- Strukturéiert Qualitéitsmanagement
- Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
- Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung
E professionellen a strukturéierte Kader
- Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team
- Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen
- Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun
- Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung
Eng Missioun mat Wierkung
- Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren
- Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen
- E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil
Diplomer a fachlech Kompetenzen
- Dir sidd am Besëtz vun engem Master an der Psychologie a verfüügt iwwer engAutorisatioun fir de Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben, oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass.
- Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Familljen a schwierege Situatiounen oder am edukative Beräich ass e Virdeel.
- Dir kennt dat psychosoziaalt a soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen.
- Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen.
- Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner a Familljen optrieden.
Perséinlech Kompetenzen
- Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst.
- Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Kanner, Elteren a Fachleit opbauen.
- Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team.
- Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen.
- Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen.
- Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen
Zousätzlech Ufuerderungen
- Führerschäin B
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
- CDI
- Beschäftegungsgrad: 50%
- Remuneratioun laut CCT-SAS C7
- Attraktiv extralegal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Arbeitgeber
Weitere Stellen bei SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Alle 12 StellenInfirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % - Carrière C5
Konz und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
ca. 38.000–48.000 € brutto/Jahr
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu Mäerzeg
Konz und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 75 %
Trier und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDI 75-80%
Bitburg und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 7
Konz und Umgebung+ 1 weitereVollzeit
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu…
Merzig und Umgebung+ 1 weitereVollzeit
Neu: Gemeinnützig in der Nähe von Konz
Gemeinnützig in der Nähe von Konz
Assistent für Alltagsbegleitung(AAQ) / Aide socio-familial (ASF) (M/F/D) - Wasserbillig - CDI - 30/4
Konz und Umgebung+ 2 weitereVollzeit
Diplomierter Erzieher (m/w/d) Unbefristet 30-40 Stunden/Woche
Konz und Umgebung+ 4 weitere
NEW Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Stad Lëtzebuerg)
Konz und Umgebung+ 4 weitereVollzeit
Krankenpflegehelfer / Aide-soignant (M/W/D) - CIPA Junglinster - CDI - 40S.
Konz und Umgebung+ 5 weitereVollzeit
ca. 32.000–42.000 € brutto/Jahr
Assistent für Alltagsbegleitung(AAQ) / Aide socio-familial (ASF) (M/F/D) - Ettelbrück - CDI - 30/40S
Konz und Umgebung+ 1 weitereVollzeit
ca. 30.000–40.000 € brutto/Jahr
Ergotherapeuten (m/w/d) - Service National des Activités Spécialisées West- und Nordregion des Land
Konz und Umgebung+ 3 weitereVollzeit
ca. 40.000–55.000 € brutto/Jahr