ngokarriere
Zurück zu den Treffern

NEW Chef de Groupe (M/W/NB) · Kannerhaus Furen

ArbeitsortPerl
+ 2 weitere
BeschäftigungVollzeit
HomeofficeKeine Angabe

Mir siche fir d'Kannerhaus Furen een Chef de Groupe (M/W/NB) als Educateur diplômé oder gradué am CDI mat 40 Stonnen/Woch De Centre Movida bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.

Deng Aufgaben: Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten a Projeten Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren Matgestalten an Ëmsetze vun individuelle pedagogeschen Ziler Participatioun un Teamversammlungen, Reflexiounen a fachlechem Austausch Dokumentatioun an Evaluatioun vun der pedagogescher Aarbecht Begleedung vun de Jugendlechen an hirem Alldag a bei der Entwécklung vun hirer Autonomie Däi Profil: Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom Kenntnisser an der traumasensibeler Aarbecht Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen Fäegkeet, och a komplexen oder usprochsvolle Situatioune professionell ze handelen Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuelen an initiativ ze schaffen Teamgeescht an

eng wäertschätzend Astellung am Ëmgang mat Jugendlechen a Kolleg:innen Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg.

Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Arbeitgeber

Weitere Stellen bei ARCUS asbl

Alle 49 Stellen

Neu: Gemeinnützig in der Nähe

Mehr Stellen finden

Ähnliche Stellen bei anderen Arbeitgebern

Arbeitgeber mit ähnlichen Stellen

Verwandte Fachgebiete

Verwandte Jobbörsen