ngokarriere
Zurück zu den Treffern

Educateur diplômé (M/W/NB) · Crèche Elmen

ArbeitsortBitburg und Umgebung
+ 4 weitere
BeschäftigungVollzeit
HomeofficeKeine Angabe

Mir siche fir d'Crèche Elmen: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch D'Crèche Elmen ass am September 2024 am Zentrum vun Elmen, een neit Duerf just ausserhalb vun Olm, opgaangen. Momentan bitt d'Crèche Plaz fir 44 Kanner, déi jeeweils an 3 Gruppen opgedeelt sinn: e Grupp vu Kanner vun 0-2 Joer, a zwee Gruppe vu Kanner vun 0-4 Joer. All Dag begleet eng jonk a dynamesch Erzéierekipp d'Kanner op eng opmierksam a respektvoll Aart a Weis déi d'Wichtegkeet vu Stabilitéit a Vertrauen a Relatioune mat feste Referenzpersounen ervirbréngt. Besonnesch wichteg sinn déi individuell a qualitativ Bezéiungsmomenter wärend dem Versuergen a beim Iessen, esouwéi och beim Spillen a Beweegen. Fir d'Weiderentwécklung vun der Ekipp ze fërderen, huet all Ekippemember d'Méiglechkeet spezialiséiert Formatioune jee no Altersgrupp ze suivéieren.

Deng Aufgaben: Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren Däi Profil: Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier oder DAP Education Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2) Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En

dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft. (bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)

Arbeitgeber

Weitere Stellen bei ARCUS asbl

Alle 49 Stellen

Neu: Gemeinnützig in der Nähe von Bitburg

Gemeinnützig in der Nähe von Bitburg

Mehr Stellen finden

Arbeitgeber mit ähnlichen Stellen

Verwandte Fachgebiete

Stellen in der Nähe von Bitburg

Verwandte Jobbörsen